• Jeff Alliaume

    Mein Numm ass Jeff Alliaume an ech sin 30 Joer aal. Bei mir huet et ongefeier firun 15 Joren ugefangen wei ech mir meng eischt Spigelreflexkamera kaaf hun. Seit deem konnt ech mech net mei vun der Fotografie leisen an sie ass een wichtegen Deel vun mengem Liewen gin.

    Schon alleng duerch mein Beruff hun ech all Daach mat dem Thema Fotografie ze din. An kann sou mein Hobby och souzesoen berufflech ausüben. Des Weideren konnt ech durch mein Beruff Formatiounen, wei Grondlagen Fotografie, Makrofotografie, Photoshop & Lightroom, Studiofotografie, Reprofotografie, Beauty an Portraitfotografie an Dark Art Fotografie mat maan.

    Speiderhin koum dann nach Cinematografie dobei.

  • Anne Alliaume

    Main Numm ass Anne Alliaume an ech sin 30 Joer aal. Fotografie war nach emmer eng Passioun vu mir. Daat eischt Geschenk waat ech vu mengem Mann kritt hun war natiirlech e Fotoapparat a sait deem maachen mer regelmaesseg zesummen Fotoen, siew et Outdoor oder Studiofotografie. Lo si mer och an deem Alter wu eis Kollegen a Frenn sech bestueden a Kanner kreien a waat gett et mei scheines vir esou Momenter op Foto festzehaalen. Dofir hu mer eis geduet virwat maache mer daat net professionnel. Haaptberuflech schaffen ech am administrativen Beraich dofir iwerhuelen ech och hei d-Ausmaachen vun Rendez-vous'en an d'Berodungen.

  • Anne Muller

    Main Numm ass Muller Anne. Haaptberufflësch sin ech Vollzeit Erzéiherin. Seit Januar 2014 konnt ech unfänken meng Erfahrungen an der Kosmetik an an der Visagistik ze sammelen. Mat purer Begeeschterung an Leidenschaft hun ech main Hobby mat der Kosmetik Firma "Mary Kay" konnten an vollen Zich ausliewen. Ech hun vill Leit bis elo begéint an ënert aanerem fier hieren "Groussen Daag" geschminkt. Am Februar 2016 hun ech dann och meng Prüfung als Visagistin erfollegreich ofgeschloss.